RTL - Rebound RTL Radio Lëtzebuerg
-
- Sports
De Basket Magazin, all Freideg, mat Virschau op de Weekend, Commentairen a flotten Analysen
-
Rebound, 24/05/2024
Haut ass de leschte Rebound fir dës Saison. An deem kuckt de Rich Simon zeréck op déi ausseruerdentlech Generalversammlung déi de leschte Weekend an der Coque war. Bei där goung et ënnert anerem em eng nei NON-JICL Reegel. De Rebound gëtt iech vum Rich Simon presentéiert.
-
Rebound, 17/05/2024
Am Rebound vun haut zitt de Rich Simon, zesumme mam Nationaltrainer vun den Hären, Ken Diederich, ee Bilan vun der Saison. Déi nächste Saison, spillen och d'Musel Pikes nees an der LBBL a Schieren huet et esou just net gepackt. An dat ass och een Thema am Rebound vun haut...
-
Rebound: 3. Finalle stinn um Programm, 26/04/2024
Am nationale Basket sinn d'Finalle vum Championnat voll am gaangen. Souwuel bei den Dammen wéi bei den Hären steet et no deenen zwee éischte Matcher 1-1 an der Serie "Best of Five". An der drëtter Partie kann deemno nach keng Decisioun falen...bei den Hären spillt Steesel muer doheem géint d'Etzella, an bei den Dammen huet de Grengewald den Heemvirdeel géint den T71 Diddeleng. De Rebound vun haut mam Franky Hippert:
-
Rebound, 19/04/2024
Steesel géint Ettelbréck bei den Hären a Diddeleng géint de Gréngewald bei den Dammen. Dat sinn d'Finalle vum Championnat am nationale Basket. Souwuel bei den Häre wéi och bei den Dammen, huet allkéiers eng Ekipp ee drëtte Match an den Halleffinall musse spillen fir et bis an d'Final ze packen. Dat ass Thema haut am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt...
-
Rebound, 12/04/2024
Virun e puer Deeg, koum d´Nouvelle, datt den Arbitter Jean Samida gestuerwen ass. Am Rebound vun haut kuckt de Rich Simon op seng Karriär zeréck an hie seet eis awer och, wéi d´Situatioun am Championnat ass. An dat souwuel bei den Damme wéi bei den Hären.
-
Rebound: Virschau op d'Halleffinallen vum Championnat, 05/04/2024
Am nationalen Basket ginn de Weekend déi éischt Matcher vun den Halleffinallen bei den Dammen an den Hären gespillt. Am Rebound vun dëser Woch huet de Sam Rickal sech am Virfeld d'Matcher bei den Hären méi genau ugekuckt. Et kann ee sech spannend Dueller erwaarden.